| Datum: | 14.07.2021 |
| Mindestalter: | 16 Jahre für Ticketbestellung |
| Art des Tickets: | Nummerierte Sitzplätze (Sitzplätze werden vom Veranstalter vergeben) |
| Veranstalter: | Ville de Dudelange |
| Ort: | Centre Culturel "Op der Schmelz", Dudelange (L) |
| Einlass: | 19:00 |
| Beginn: | 20:00 |
| Preis: | 16.12 € |
| |
Benny: Haaptmann vun de Grouwen
Pol: Gesang an Tralala
Claus: Panzpiano
Woll: Geschrammels
Carlo: Geschrammels
Flëpp: Kontrabugs
Bronko: Schéissbud
Seit méi, wéi 10 Joer huet sech Benny & The Bugs an der lëtzebuerger Folklore-Szene établéiert.
Dräi CD’en hu si schon erausbruegt. Di Blo (2006), di Gréng (2008) an di Giel (2012).
Di lescht Bugs-CD huet souguer en Numm: et ass de Jean-Pierre.
Wanns Du e scho méi oft gelauschtert hues, kanns De en och Jemp nennen!
Eng nei (komplett!) Versioun vum “Bommeleeër” däerf aus traditionelle Grënn net fehlen.
Wéi emmer op lëtzebuergësch a wéi ëmmer mat egenen Texter aus dem Liewe gegraff. Mee besser nach, wéi all Benny & The Bugs CD sin natiirlech hier rar geséinte Live-Optrëtter. Mat Klassiker wéi zum Beispill ‘Schéine Bonjour’, ‘Ökotut’, ‘Chance mam Wieder’ oder ‘Sandweiler’ hu si hier ganz egen Art a Weis, fir d’Publikum ze begeeschteren a mat anzebannen.
Fir haart matzesangen a lues ze schmunzelen. Dofir kommt dohin, soss verpass De Eppes!