Date:05.12.2019
Minimum age:16 years for ticket order
Type of ticket:Free seating
Promoter:Ville de Dudelange
Place:Centre Culturel "Op der Schmelz", Dudelange (L)
Doors at19:30
Begin time:20:00
Price:16.12 €
  • Please check before arrival if the event is taking place as planned

D’Krunnemécke sinn zwee lëschteg Panzpianisten, déi sech selwer als Stroossemuseker verstinn. Si sinn op ville Volleksfester uechter d’Ländchen ënnerwee a ginn hir lëtzebuerger Lidder tëscht a mat de Leit zum Beschten.

Heiansdo zitt et si awer och op eng Bu?hn. Nieft de méi bekannte Stëmmungslidder kënne si hei och méi roueg, nodenklech Stécker spillen. Fir de Concert „op der Schmelz” hunn d’Krunnemécken d‘Gebridder Guillaume invitéiert. Déi zwee Museker Luc „Gig“ an Misch sinn als Sänger a Gittariste mat hirem Orchester „Dëppegéisser“ ville Leit bekannt. Um Programm sti nieft bekannte Klassiker aus dem lëtzebuerger Lidderepertoire och e puer méi rar Pärelen souwéi nei Stécker, déi extra fir dësen Owend geschriwwe goufen.

Kommt, lauschtert a sangt mat den zwou Krunnemécken Claus Ben an Eric Falchero.


Partners




Payments supported
©2017 - Codex Events SA - All rights reserved.