Date:11.11.2019
Minimum age:16 years for ticket order
Type of ticket:Free seating
Promoter:Ville de Dudelange
Place:Centre Culturel "Op der Schmelz", Dudelange (L)
Doors at19:30
Begin time:20:00
Price:Full price: 11.00 €
Reduced price: 6.00 €
  • Please check before arrival if the event is taking place as planned

« Stell der vir, du klëmms do an de Bus an da léiss de dech féieren.

Du weess zwar net wouhin, mä du léiss dech drop an...

An dann op eemol kënns de un.

Du has der alles erwaart, mais net dat do.

Du klëmms eraus a scho geet et lass.

Ween hätt dat geduecht, grad hei, an och nach  esou eppes ! »

 

De Kënschtlerkollektiv MASKéNADA, zesumme mat Hydre Editions an dem Partner opderschmelz Diddeleng, lueden de Publikum op eng kulturell Rees op eng symbolesch, historesch an ongewéinlech Plaz zu Diddeleng an. D’Leit kafen – scho fir déi 5. Kéier - d’Kaz am Sak, si wëssen am viraus net wou a wat se kucke ginn.

Op Basis vun engem Text vun engem Auteur(e) entsteet eng Créatioun ronderëm KënschtlerInnen aus ënnerschiddlechen Disciplinnen.

D'Platz huet d'Identitéit an d'Geschicht vun Diddleng a senger Regioun geprägt. Béier, Lidder an Natur sinn nëmmen e puer Zutaten déi de KënschtlerInne Stoff gi fir hire Projet zesummenzespannen.

De Publikum wäert des Plaz an engem anere Liicht kenneléieren. Duerch de Storytelling vun den Auteuren an duerch de Bléck vun de KënschtlerInnen entsteet eng Ausernanersetzung mat kulturellem Patrimoine, Aarbechtswelt an och Zukunftsfroen iwwer d'Regioun.

 

Mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère, der Oeuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte an der Fondation Indépendance.


Partners




Payments supported
©2017 - Codex Events SA - All rights reserved.