Date:15.10.2018
Age minimum:16 ans pour commande de tickets
type de billet:sièges libres
Organisateur:Ville de Dudelange
Place:Centre Culturel "Op der Schmelz", Dudelange (L)
Portes à9::5
Début à10:00
Prix:Prix normal: 16.12 €
Prix réduit: 6.00 €
  • Veuillez vérifier avant le déplacement si l'événement aura lieu comme prévu
  • Tarif réduit pour les enfants

CETTE MANIFESTATION FAIT PARTIE DU FESTIVAL TOUCH OF NOIR 2018

Musek- an Danztheater vun 8 Joer un
No enger nordescher So
Fir Saxophon, Tounband an een Dänzer

E magesche Soundtrack ertéint aus enger Këscht, a séier tauchen den Ask an d’Embla an eng längst vergaange Welt an. Si verwandelen sech a Risen, Götter oder an esou genannte Monster, léieren si kennen a verstoen. Mee wat ass eigentlech e Monster? Ass een e Monsteren, oder gëtt een zu engem Monster gemaach? Fantasie oder Weltusiicht?   

Wéi eng Hellseherin de Götter prophezeit, dass de Wollef Fenrir eng grouss Gefor fir si wäert ginn, beschléissen si, hee bei sech opzehuelen. Mee de Wollef gëtt ëmmer méi grouss a méi staark, bis en de Götter iwwert de Kapp wiisst. Si färten de Fenrir a seng Roll beim Ragnarök, dem Enn vun der Welt.

Saxophon an Danz sinn enk matenee verbonnen an erzielen dës ural nordesch So vum Fenrir, déi Konzepter wéi Schicksal, Schold an Onschold hannerfreet an eis un d'zyklesch Kraaft vum Liewen erënnert.

Op enger Bühn am Publikum gëtt d’Geschicht vum Fenrir duerch Musek an Danz erzielt, a verzaubert duerch hir spannend Perspektiv a musikalesch Déift.

Fenrir, de Risewollef, ass déi zweet Produktioun vu KOPLA BUNZ. KOPLA BUNZ gouf am Summer 2016 vun der Saxophonistin Anais Lorentz, dem Sänger a Performer Jean Bermes an der Theaterregisseurin Ela Baumann gegrënnt. KOPLA BUNZ ass eng Plattform fir déi verschiddenst Presentatioune vu Musek, Danz an Theater.
D'Ela Baumann ass fir hir Stécker scho méi wéi eng Kéier ausgezeechent ginn, sou mam junge-ohren-preis, dem YEAH! Young EARopean Award, dem YAMA-Publikumspräis an am Kader vum nationale Literatur-Concours.

Produktioun Compagnie Kopla Bunz, a Koproduktioun mam CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, Rotondes, Kulturhaus Niederanven, Trifolion Echternach, Centre socio-culturel régional Prabbeli Wiltz, Centre culturel régional opderschmelz Dudelange.
 

Mat der Ënnerstëtzung vum Fonds stART-up vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, vun der Fondation Indépendance, vum TROIS C-L – Centre de Création Chorégraphique Luxembourgeois a vum Ministère de la Culture.

 


Partners




Paiements supportés
©2017 - Codex Events SA - All rights reserved.